INFORMATIOUNEN
INFORMATIOUNEN
Datum
Samsdes, 13. Juni 2026
Start an Zil
Rue de l’Eglise Mensdorf Google Maps
Startzäiten
17:00 - 1 km Kids Run - Joergäng 2017 - 2020
17:15 - 1,4 km Kids Run - Joergäng 2015 - 2016
17:30 - 1,4km Kids Run - Joergäng 2011 - 2014
18:00 - 5,5 & 10km - Haaptlaf
Géint 19:30 - Präisiwwerreechung
Volleksfest mat Iessen a Gedrénks
Live Musék mat Simply 2
Umeldung
Online Umeldung ass zou.
Dir kënnt iech e Samsden, den 13. Juni 2026, op der Plaz am Centre Culturel vu 15h30 bis 17h45 Auer umellen
Startgebühr
10 € (online)
15 € (op der Plaz den Dag selwer)
D’Kannerleef si gratis
Parking
Parking 1 Fischer Google Maps
Parking 2 Rue d’Uebersyren Google Maps
Parking 3 (+ Vestiaires) Stade Op Bierk Google Maps
Eng Navette fiert nom Laf vum Zil bis op de Parking 3 / Vestiaires
Dossard
Den Dossard kënn dir den 13. Juni 2026 ab 15h30 am Centre Culturel Mensdorf siche kommen Google Maps
Zäitmiessong
Den Chip ass an der Startnummer integréiert, déi dir no der Course kënnt halen.
(Champion-Chip o.ä. kënnen NËT benotzt gin)
Präisgelder
Haaptlaf - 10 km - Damen & Hären
200€
150€
100€
Neien Streckrekord (m/w): 50 €
5,5 km Laf
Bescht Leeferin & beschte Leefer vum 5,5 km Laf: E Reesbong, gestëft vun Voyages Emile Weber
Bescht Leeferin & beschte Leefer aus der Gemeng Betzder: jeweils eng Coupe, gestëft vun der Gemeng Betzder
Kannerleef
All Kand kritt eng Medaille.
Verkéiersreglement
Lafparcours & Profil
[ About ]■
De Widdebierglaf ass e Laf fir Kleng a Grouss, sief et a Form vu Leefer oder Spectateur. D’Erëffnung maachen zwee organiséiert Kannerleef ab 17 Auer. Des Kannerleef féieren duerch den Duerfkär vu Menster, wou op der Arrivée e Cadeau op all Kand waart.
Ëm 18 Auer fält de Schoss fir den 10 km laange Widdebierglaf. Den Départ ass am Zärdebierg, no bei der Kierch. No engem flaachen Deel duerch d’Duerf, wou fir musikalesch Animatioun gesuergt ass, verloossen déi aktiv Leefer d’Uertschaft fir an enger éischter Montée de Wangert erop ze lafen. Um Widdebierg ukomm, geet et fir d’Leefer op engem agreable Wee duerch d’Natur weider fir sech bei Kilometer 5 mat killem Waasser ze stärken. Dono verfléien déi leschte Meteren duerch den erfrëschende Bësch erof op d’Arrivée an den Zärdebierg. Och dëst Joer ass e Parcours iwwer 5,5 km méiglech.
Eng Navette féiert d’Leefer uschléissend vun der Arrivée op de Fussballsterrain, wou si vun de Vestiairen an Dusche profitéiere kënnen an dono erëm zréck an d’Duerf gefouert ginn. Nom Laf ass d’Präisiwwerreechung a fir musikalesch Stëmmung gesuergt. Mat Iessen a Gedrénks sou wéi Live Musék ka bis déif an d’Nuecht gefeiert ginn.