Massage, Live-Musék, Iwwerdroung Foussball EM

de 25. Juni nom 10 Kilometer Laf gëtt niewt Iessen a Gedrénks nach Folgendes zu Menster ugebueden:

- Massage, den Erléis ass fir e gudden Zweck: fir de Kannergrupp vum Foyer Norbert Ensch zu Rued

- Live-Musék vum Josh Oudendijk

- Iwwerdroung vun den Aachtelsfinallen op der Foussball Europameeschterschaft

Trainingslaf 2016

Sonndes, de 12. Juni um 10:00 Auer fënnt en Trainingslaf statt, wou mir de Parcours vum Haaptlaf (10km) eng Kéier oflafen.

Mir lafen a verschiddenen Gruppen mat ënnerschidlechem Tempo. Eng Umeldung duerfir ass net néideg.

Treffpunkt ass beim Kulturzenter zu Menster --> (Google Maps)

Online Umeldung

D'Umeldung fir de Widdebierglaf 2016 geet an de nächsten Deeg online.

Fir ëmmer um courant ze bleiwen abonnéiert eisen Newsletter oder liked eis Facebook Säit.

Chèque Iwwerreechung 2015

De Widdebierglaf 2015 war e groussen Erfolleg.

Mir si frouh der asbl "Trisomie" e Chèque vu 5.050 Euro iwwerrecht ze hunn.

 

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf ass den 25. Juni 2016

 

Laf 2016

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf ass de  25. Juni 2016

Fotoen Widdebierglaf 2015 - Part 2

D'Fotoen vum Jean-Paul Engeldinger vun dësem Joer sinn elo och online.

E grousse MERCI un all eis Fotografen fir déi vill a flott Andréck.

Newsletter

2024 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Gold-Sponsoren

  

Silver-Sponsoren

Bronze-Sponsoren