Don 2021 - Run against cancer

Well de Widdebierglaf och 2021 net konnt stattfannen, gouf e virtuellen Laf organiséiert. Jiddereen konnt während engem Mount de Parcours oflafen an eng Foto vu senger Performance un d'Organisateuren schécken.

80 Leeferinnen a Leefer haten dobäi matgemaach a fir all Laf hu mir en Don vun 8€ gemaach.

Sou sinn 1000€ zesumme komm, déi mir fir de Projet Running Against Cancer gespent hunn.

E grousse Merci un all Leeferin a Leefer.

Virtuelle Widdebierglaf 2021

Maach mat beim virtuelle Widdebierglaf! Du hues d’Méiglechkeet tëschent dem 01. an dem 26. Juni 2021 d’10km Course vum Widdebierglaf ze lafen an eng Foto vun denger Performance op der Facebook-Säit vum Widdebierglaf ze posten oder se per Mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze schécken. Benotz dofir eng Applicatioun (z.B. Strava, Runtastic, Runkeeper, Nike +,....) oder eng Smart Watch bspw.

Fir all realiséierte Laf spenden d’Widdebiergfrënn 8€ un de Projet « Running against Cancer »  (www.runningagainstcancer.lu).

De Parcours vum Laf ass gezeechent. Start ass zu Menster an der rue de l’Eglise, beim Panneau wou och d’Wanderweeër vun der Betzder Gemeng lass ginn. Eng GPS Datei vun der Streck ass disponibel op www.widdebierglaf.lu.

Wichteg Info: D‘Streck ass just mat de Panneau‘en gezeechent, an net mat weidere Feiler um Buedem.

Des weideren organiséiere mir Sonndes den 20. Juni souwéi Samschdes, de 26. Juni jeweils um 10 Auer en « Let’s Run Together » Laf, wou de Parcours vum Haaptlaf ofgelaf gëtt. Mir lafen an 3 Gruppe mat ënnerschiddlechem Tempo a wann Interessi besteet, kann och eng méi kuerz Streck vun ca 5 km gelaf ginn.

Wéinst de sanitären Mesüren ass d’Unzuel u Leefer limitéiert an eng Umeldung dofir néideg. Schéckt eis eng Email op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. mam Datum op deem dir matlafe wëllt.

Treffpunkt ass uewen bei der Kierch beim Kulturzenter zu Menster!

Falls dir net d’Méiglechkeet hutt de Parcours ofzelaafen an awer de Projet « Running against Cancer » ënnerstëtze wëllt, kënnt dir en Don op folgend Kontosnummer maachen : LU62 0019 3855 8462 6000  (Spuerkeess).

 

Laf 2021 ofgesot

Leider musse mir och dëst Joer de Laf wéinst der sanitärer Kris ofsoen.

Mir wäerten, esou wéi d'lescht Joer, nees eng virtuell Editioun organiséieren. 

Detailer dozou komme Mëtt Mee no.

Laf 2021

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf ass den  26. Juni 2021

Virtuelle Laf 2020

Well de Widdebierglaf dëst Joer net konnt stattfannen, gouf kuerzerhand e virtuellen Laf organiséiert. Jiddereen konnt während engem Mount de Parcours oflafen an eng Foto vu senger Performance un d'Organisateuren schécken.

169 Leeferinnen a Leefer haten dobäi matgemaach a fir all Laf hu mir en Don vun 8€ gemaach.

Ausserdeem huet de „Café am Duerf vu Menster“ sech bereet erkläert säi Sponsoring vun dësem Joer integral ze spenden.

Sou sinn 1500€ zesumme komm, déi mir un d'Associatioun Digital Inclusion konnten iwwerreechen.

E grousse Merci un all Leeferin a Leefer souwéi un de Café am Duerf vu Menster.

Virtuelle Widdebierglaf 2020

Maach mat beim virtuelle Widdebierglaf! Du hues d’Méiglechkeet tëschent dem 27. Mee an dem 27. Juni 2020 d’10km Course vum Widdebierglaf ze lafen an eng Foto vun denger Performance op der Facebook-Säit vum Widdebierglaf ze posten oder se per Mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze schécken. Benotz dofir eng Applicatioun (z.B. Strava, Runtastic, Runkeeper, Nike +,....) oder eng Smart Watch bspw.

 

Fir all realiséierte Laf spenden d’Widdebiergfrënn 8€ un d’asbl Digital Inclusion (www.digital-inclusion.lu).

 

De Parcours vum Laf ass gezeechent, Start ass zu Menster an der rue de l’Eglise, beim Panneau wou och d’Wanderwéer vun der Betzder Gemeng lass ginn.

 

Laf 2020 ofgesot

Newsletter

2024 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Gold-Sponsoren

  

Silver-Sponsoren

 

Bronze-Sponsoren