Frontpage

Spend 2023

En eventuelle Bénéfice vun der Editioun 2023 spende mir un d'Amicale vum CDM.

Méi Informatiounen dozou fannt Dir op https://www.cc-cdm.lu/ oder a folgendem Depliant (klick op de PDF):

 

 

 

 

Spent 2022

Den Erléis vum Laf geet wéi all Joer erëm un e gudden Zweck!
 
Dëst Joer si mir frou der Fondatioun EquiVelo e Scheck vu 5.000 Euro iwwerreecht ze hunn. Si reparéieren al Vëlo'en a stellen se Flüchtlingen a benodeelegt Leit zur Verfügung. Méi Info dozou op www.equivelo.lu 🚲
 
Donieft hu mir 2.000 Euro un UNHCR, the UN Refugee Agency gespent, déi sech weltwäit fir Flüchtlingen asetzen.
 
Villmools Merci nach eemol jidderengem deen den Dag matgelaf oder gehollef hat a natierlech och all de Visiteuren 👏
 
Mir freeën eis elo schonn iech alleguer op der Editioun 2023 erëmzegesinn 🙂
 

Laf 2023

Déi nächst Editioun vum Widdebierglaf fënnt de  24. Juni 2023 statt

Fotoen 2022

D'Fotoe vun dësem Joer sinn online.

E grousse Merci eise Fotographen Oli Sigurdsson a Nic Schoetter (Drone) 

--> Fotoen 2022 <--