Virtuelle Laf 2020

Well de Widdebierglaf dëst Joer net konnt stattfannen, gouf kuerzerhand e virtuellen Laf organiséiert. Jiddereen konnt während engem Mount de Parcours oflafen an eng Foto vu senger Performance un d'Organisateuren schécken.

169 Leeferinnen a Leefer haten dobäi matgemaach a fir all Laf hu mir en Don vun 8€ gemaach.

Ausserdeem huet de „Café am Duerf vu Menster“ sech bereet erkläert säi Sponsoring vun dësem Joer integral ze spenden.

Sou sinn 1500€ zesumme komm, déi mir un d'Associatioun Digital Inclusion konnten iwwerreechen.

E grousse Merci un all Leeferin a Leefer souwéi un de Café am Duerf vu Menster.