De Widdebierglaf vum Menster Club des Jeunes (1981-1993) a vun de Widdebiergfrënn (2013-…)

Ufank den 80er Joren koum d'Iddi bei der Menster Jugend op fir e Stroosselaf op d’Been ze stellen. 1981 huet sech de lokale Jugendclub, ënnert dem Impuls vu René Wagner an Nico Engel, deen deemools Präsident vum Veräin war, decidéiert en éischte "Widdebierglaf" z'organiséiren. Dese Stroosselaf, deen iwwert eng Distanz vu 15 km queesch duerch d'Menster Ëmgéigend an natierlech och iwwer de beléifte Widdebierg gaangen ass, huet tëschent 1981 an 1993 eng Jett Leefer, vu Menster Hobbysportler bis hin zu nationalen Topathleten an esouguer Leefer aus dem noen Ausland begeeschtert.

2013 koum et dunn zu enger Relance. Di neigegrënnten Widdebiergfrënn hunn de Laf rëm opliewen geloss mat engem neien Parcours vun 10 km. Et sin och zwee Leef op kuerz Distanzen fir Kanner organiséiert gin. No dem grousse Succès 2013 bis 2019 souwéi 2022-2023 steet enger Editioun 2024 näischt méi am Wee steht. Duerch d'Covid-19 Kriis konnten 2020 an 2021 just virtuell Editiounen stattfannen.