De Widdebierglaf vum Menster Club des Jeunes (1981-1993) a vun de Widdebiergfrënn (2013-…)

Ufank den 80er Joren koum d'Iddi bei der Menster Jugend op fir e Stroosselaf op d’Been ze stellen. 1981 huet sech de lokale Jugendclub, ënnert dem Impuls vu René Wagner an Nico Engel, deen deemools Präsident vum Veräin war, decidéiert en éischte "Widdebierglaf" z'organiséiren. Dese Stroosselaf, deen iwwert eng Distanz vu 15 km queesch duerch d'Menster Ëmgéigend an natierlech och iwwer de beléifte Widdebierg gaangen ass, huet tëschent 1981 an 1993 eng Jett Leefer, vu Menster Hobbysportler bis hin zu nationalen Topathleten an esouguer Leefer aus dem noen Ausland begeeschtert.

2013 koum et dunn zu enger Relance. Di neigegrënnten Widdebiergfrënn hunn de Laf rëm opliewen geloss mat engem neien Parcours vun 10 km. Et sin och zwee Leef op kuerz Distanzen fir Kanner organiséiert gin. No dem grousse Succès 2013, 2014, 2015, 2016, 2017 an 2018 steet enger Edition 2019 néischt méi am Wee steht.

Lafparcours & Profil 2019

Dei 3 Parcours'en & Profil'en an engem PDF eroflueden --> click 

Haaptlaf - 10 km

Opgepasst: Op der Haaptstreck gin ët 3 méi schwiereg Passagen, déi kloër markéiert gin.

 

Kannerlaf - Joergang (2004-2009)  : 1400 m

 

 

 

Kannerlaf - Joergang (2010-2013) : 1000 m

 

 

Allgemeng Beschreiwung

De Widdebierglaf 2019 ass e Laf fir Kleng a Grouss, sief et a Form vu Leefer oder Spectateur. D’Erëffnung vum Widdebierglaf 2019 maachen zwee organiséiert Kannerleef ab 17 Auer. Des Kannerleef féieren duerch den Duerfkär vu Menster, wou op der Arrivée e Cadeau op all Kand waart.

Ëm 18 Auer fält de Schoss fir den 10 km laange Widdebierglaf 2019. Den Départ ass am Zärdebierg, no bei der Kierch. No engem flaachen Deel duerch d’Duerf, wou fir musikalesch Animatioun gesuergt ass, verloossen déi aktiv Leefer d’Uertschaft fir an enger éischter Montée de Wangert erop ze lafen. Um Widdebierg ukomm, geet et fir d’Leefer op engem agreable Wee duerch d’Natur weider fir sech bei Kilometer 5 mat killem Waasser ze stärken. Dono verfléien déi leschte Meteren duerch den erfrëschende Bësch erof op d’Arrivée an den Zärdebierg.

Eng Navette féiert d’Leefer uschléissend vun der Arrivée op de Fussballsterrain, wou si vun de Vestiairen an Dusche profitéiere kënnen an dono erëm zréck an d’Duerf gefouert ginn. Nom Laf ass d’Präisiwwerreechung a fir musikalesch Stëmmung gesuergt. Mat Iessen a Gedrénks ka bis déif an d’Nuecht gefeiert. 

Newsletter

2021 ënnerstëtzt duerch:

Haaptsponsor

   

 Co-Sponsoren

          

 

    

  

Online-Sponsoren

   

Sponsoren